Plou

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat dem landwirtschaftleche Geschier Plou. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Plou (Homonymie).
E Plou, vun zwee Päerd gezunn

E Plou ass e Geschier, dat beim Akerbau gebraucht gëtt fir de Buedem d'ënnescht-d'iewescht ze dréinen an ze vergrimmelen. Doduerch gëtt d'Wuerzelstruktur vun de bis ewell do gewuessene Planzen zerstéiert, an de Buedem gëtt duerchlëft a gelackert, fir datt e prett ass fir duerno drop ze séien.

E Plou gouf fréier vu Mënschen oder Béischte gezunn, wéi Uessen, Päerd oder Ieselen. Haut ass et meeschtens en Trakter, deen en zitt.

Bestanddeeler[änneren | Quelltext änneren]

Deeler vum Plou: 1 Grëndel, 2 Kramp, 3 Héichtenastellung (Kéiernol), 4 Kolter, 5 Meessel, 6 Schuer, 7 Réischter

Mam Kramp gëtt de Plou un de Béischten hiert d'Zuchgeschier oder den Trakter ugekroopt. Vir sëtzt och den Zoch fir d'Ploudéift anzestellen. De Ploukapp ass duerch de Grëndel mam hënneschte Plou verbonnen, wou mat der Schuer den Haaptdeel sëtzt. D'Schuer besteet nach aus verschiddenen Deeler: e Meessel dee virschneit, d'Schuer déi noschneit, an um Wupp de Réischter deen de geschniddene Buedem op d'Säit ëmdréint.

Eng oder e "Buuschtel", (och nach Buuschel, Buschel oder Boschel) ass déi viischt Sail un engem Plou[1], déi op däitsch "Sech(holz)" oder "Kolter(holz)" genannt gëtt[2]. Si hält d'Schuer an der Riicht a spléckt den Aker propper a scho geplout an ongeplout Land.

Technesch Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Allgemeng[änneren | Quelltext änneren]

An engem klenge Gaart kann ee sech nach mat engem Spuet ploe fir de Buedem opzelackeren, mee fir e groussen Aker brauch een e Plou, deen eng gewëssen Hiewelwierkung huet. Schonn an der Jongsteenzäit sinn déi éischt Pléi entstanen, déi deemools nach vu Mënsche gezu goufen an de Buedem éischter opgeritzt hunn.

An de 70er Jore vum 1. Jh. n. Chr. beschreift de Plinius den Eelsten wéi déi rätesch Gallier e Plou mat méi breeder Schuer geholl hu fir de Buedem och ze dréinen. Richteg effektiv gouf dat Dréinen awer eréischt wéi bei d'Schuer d'Buuschtel koum a gehollef huet eng Sträif Buedem erauszeschneiden, déi da vum Réischter komplett ëmgekéipt gouf.

Aner wesentlech Verbesserunge waren d'Schuer aus Eisen, an d'Aféiere vu Rieder déi d'Leeschtung vun de Béischte méi op d'Opbrieche vum Buedem konzentréiert hu wéi op d'Zéie vum schwéiere Plou selwer.

Wat méi Päerd vir gezunn hunn, spéider a Form vu Maschinnen, wat den eeschuerege Plou besser duerch e méischueregen ersat konnt ginn, deen an engem Duerchgank haut bis zu 9 Strale plout.

De Pluchet-Plou[änneren | Quelltext änneren]

De Pluchet-Plou war eng Weiderentwécklung vum einfache Plou duerch de Vincent Charlemagne Pluchet (1774-1837). Dat besonnescht war datt dee Plou an der Héicht an an der Breet verstallt konnt ginn. Dëse Plou gouf bis an d'50er Joren, wéi d'Trakteren opkoumen, a Frankräich, besonnesch vun de Bauere vum Plateau de Trappes gebraucht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bruch, R, Der Pflug in der Mundart: Bauer und Dorfschmied als Helfer unserer Sprachforschung, in Lëtzebuerger Baurekalenner, 1955, S. 68-78

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ploughs – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wörterbuch: Buuschtel/Kolterholz
  2. Luxemburger Wörterbuch: Plou