Aarm

Vu Wikipedia
Den ausgestréckten Aarm vun engem erwuessene Mann.

Den Aarm ass en Deel vum mënschleche Kierper.

E fänkt un der Schëller un a geet dann an den Ueweraarm iwwer. Den Ielebou ass e Gelenk, dat den Ueweraarm an den Ënneraarm verbënnt. D'Handgelenk verbënnt den Ënneraarm mat der Hand.

Déi Struktur erméiglecht eng Rei Beweegungen an Aktivitéiten, vum einfache Gräifen an Unhale vun Objete bis hin zu méi komplexen Handlunge wéi dem Schreiwen, dem Geheien an der Feinmotorik.

Den Ueweraarm gëtt vu staarke Muskelen ugedriwwen, dorënner dem Bizeps an dem Trizeps. Si spillen eng wichteg Roll bei der Flexioun an der Extensioun vum Ielebou. Dat beaflosst d'Beweeglechkeet vum Aarm. Am ënneschten Aarm sinn eng Rei Muskele fir d'Rotatioun vum Ënneraarm selwer an d'Kontroll vun den Handbeweegunge verantwortlech sinn. D'Handgelenk erméiglecht zousätzlech Beweegungsfräiheet a Prezisioun. D'Hand an d'Fangere mat hire motoresche Fäegkeeten erméiglech d'Ausübe vu komplexen Aufgaben.

D'Fangere si mat Gelenker verbonne a ginn duerch Muskele gesteiert. D'Fangerspëtze si besonnesch empfindlech an déngen dem Taaschtsënn. D'Neel schützen d'Enn vun de Fangeren an hunn eng funktionell Roll.

De mënschlechen Aarm spillt eng zentral Roll am deegleche Liewen, sief et beim Schaffen, beim Iessen, beim Schreiwen oder bei kulturellen oder sportlechen Aktivitéiten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äerm – Biller, Videoen oder Audiodateien